VIDEO: An der SchwäizVum Radar geblëtzt ginn... beim Lafen!

RTL Lëtzebuerg
Hie muss sech gefillt hunn, wéi de Flash oder och de Supermann.
© AFP

An der Gemeng Uster war e Schwäizer zu Fouss méi séier, wéi d’Police dat erlaabt. Mir mussen hei awer präziséieren, datt hien an enger 20 km/h-Zon geblëtzt gouf, wat eng Vitess ass, déi u sech vill Sportler kann op kuerz Distanz dropkréien. An awer bleift dëse Video ganz speziell.

Et soll fir hien awer keng Konsequenze ginn. D’Police war iwwert dës Foto éischter amuséiert.

Back to Top
CIM LOGO