RekordverdächtegWaasserrutschbahn am malayseschen Dschungel ass 1111 Meter laang

RTL Lëtzebuerg
A Malaysia gouf e Mëttwoch eng Rutschbahn virgestallt, op där d'Waasserfrënn laanscht exotesch Villercher an Afe rëtsche kënnen.
© Sim Leisure Group Ltd./AFP/Handout

D’Waasserspill läit op enger Héicht vu 70 Meter, dat per Sessellift kann erreecht ginn. Ongeféier 4 Minutten dauert de ganze Spaass. D’Handaarbecht stoung bei de Bauaarbechten am Virdergrond, fir déi natierlech Ëmgéigend net mat Maschinnen ze zerstéieren.

“Escape Park” ass déi längste Waasserrutschbahn op der Welt, déi d’Visiteure mat engem Loftkëssen notze kënnen. De Weltrekord vun der längster Rëtsch hält weiderhi China mat 2270 Meter an de Bierger vu Lishui.

Back to Top
CIM LOGO