StadbriedemesWäistee: 4.000 Euro fir eng Fläsch Wäin

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem prestigiéise Wäin koumen am Cocilium awer och rar Autoen ënnert den Hummer.

Et gëtt Sammler fir alles. An déi loosse sech hiren Hobby gären emol vill kaschten. Zu Stadbriedemes am Cocilium war dëse Sonndeg eng Stee, wou een prestigiéis Wäiner an och rar Autoen ergattere konnt.

An do leet een och emol gäre 4.000 Euro fir eng Fläsch Wäin op den Dësch. En exzeptionelle Richebourg aus dem Joer 1970, weess den Adrien Denoyelle, Organisateur vun der Stee.

''Qui est une bouteille exceptionnelle déjà de part du viticulteur Henri Jayer qui est, je pense, le vigneron le plus vénéré dans la profession. Et surtout en Bourgogne puisqu’il est à trois hectares à côté de la Romanée-Conti. Donc ça fait parti des vins qui sont intouchables sur le marché aujourd’hui.’'

All d’Wäiner stamen aus dem Keller vun engem Lëtzebuerger Sammler. Méi Detailer gëtt et net. Ausser d’Garantie vum Organisateur, dass d’Wäiner ënnert beschte Konditioune gelagert gi wären.

Gesteet gouf op der Plaz. Interesséierter konnten awer och iwwer Internet matsteeën. An de Papp vum Organisateur, selwer zanter 40 Joer am Beruff, war iwwert de klassesche Wee mat Clienten a Kontakt.

CUT Pascal DENOYELLE, Expert vu Chantilly a Frankräich

''Ça rentre dans le monde de collection. On a beaucoup de clients étrangers: des chinois, des japonais, de australiens qui achètent.’', sou de Pascal Denoyelle.

Dobaussen hu rar Autoen op en neie Proprietär gewaart. Zum Beispill en Englänner, deen dem Jong vun engem bekannten Industrielle gehéiert huet, wéi de passionéierten Autofan Frédéric Congiu erkläert.

''Au fils de Serge Dassault, Monsieur Laurent Dassault, pendant quelques années. Et elle a été entièrement restaurée par son propriétaire. Cette voiture roule parfaitement tous les jours.’'

Ma weder de Mini Morris, nach de Ferrari koumen awer ënnert den Hummer. De Wäi koum einfach besser un.

Back to Top
CIM LOGO