
Dee Problem huet och eng Koppel vu Lëtzebuerg. Ma amplaz sech z’iergeren, wisou net dat Bescht draus maachen?

Och hei am Land ass d’Wieder de Moment schéin...bon, nach ëmmer net ze vergläiche mat Kuba...mä et huet jo kee Wäert de Kapp an de Sand ze stiechen ;-)
Fir d’Mier an d’Stuff ze kréien
Stellt de Ligestull virun d’Tëlee, Sonnebrëll op d’Nues, e klenge Cocktail an d’Hand an op YouTube passend Plagen-Opname sichen, fäerdeg.
Wellness-Tempel Buedzëmmer
Fir en aneren Touch ze kréien, kann een mol fir d’alleréischt e puer faarweg Schaler ophänken, Käerze suerge fir déi néideg Extra-Stëmmung. Wie keng Bidden huet, fir sech am waarme Waasser z’entspanen, ka sech mat engem Fouss-Bad aushëllefen. Kleng Mask an d’Gesiicht, Entspanungsmusek ugemaach a mat enger Taass Téi an der Vakanzelecture, ass een no kierzester Zäit ganz relax.
Séier Gesiichtsmask fir doheem: E Becher wäisse Jughurt uréiere mat 2 Téiläffel Hunneg. Op Gesiicht an Hals reiwen a gutt 20 Minutten anzéie loossen.
Ausfluch mat de Kanner
Et fënnt een dëser Deeg vill kreativ Iddien, wéi een d’Zäit och mat Kanner doheem besser erëmkritt.
Op d’mannst kann een de Kanner e puer kreativ Destinatiounen ubidden, déi garantéiert fir e bësse Gekickels suergen:
Dir hat Iech op exotesch Menüen a Cocktaile gefreet? Et seet jo keen, dass Dir dat net selwer kënnt! Den Internet ass voll mat Rezepter aus der ganzer Welt, do kann ee sech roueg un där enger oder anerer Spezialitéit an der heemescher Kichen versichen. E Cocktail huet ee sech dobäi och nach séier selwer gemixt.
Wien et léiwer manner exotesch huet, och op RTL.lu bidde mer Iech eng ganz Rëtsch u leckere Rezepter un, déi ee ganz einfach nokache kann.