"Coronasutra"Wärend der Pandemie sécher duerch de Verkéier

RTL Lëtzebuerg
De Gesondheetsministère vun Thailand huet elo Tipps erausbruecht, fir sech och beim Sex géint de Covid-19 ze schützen. Dat fir de Virus weider anzedämmen.

Deemno soll ee sech net Kussen a souwuel op Oral- wéi och op Analsex verzichten. Och Gruppesex ass dëse Richtlinnen no net erlaabt. Geschlechtspartner ginn ënnert anerem opgefuerdert, sech beim Verkéier net an d’Gesiicht ze kucken. An et gëtt recommandéiert wärend dem Akt e Mask, e Kondom a Gummishändschen ze benotzen.

Mat dëse Rotschléi wëll ee Koppelen a Bekanntschafte sécher duerch de Geschlechtsverkéier leeden. D’Regierung vun Thailand erhofft sech, domadder de Coronavirus ënner Kontroll ze kréien.

Déi thailännesch Noriichtesäit “The Thaiger” huet doropshin e “Coronasutra” publizéiert. Et ass eng Grafik mat all de Stellungen, déi een awer nach ausüben dierf, wann een d’Recommandatiounen vum thailännesche Gesondheetsministère respektéiere wëll.

Back to Top
CIM LOGO