Wanterstuerm un der US-OstküstWarnunge viru Leguanen, déi vu Beem falen, a "plakeg" Concerten um Times Square

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet ee vun de schwéierste Wanterstierm d'Ostküst vun den USA getraff. Dëst bréngt verschidde kuriéis Zeene mat sech.
© AFP

D’Situatioun ass grad esou uerg, datt de Buergermeeschter vun der Stad an och d’Gouverneurin vum Bundesstaat all d’Leit opgeruff hunn, wann et geet, doheem ze bleiwen.

Dorunner huet sech awer wéi et schéngt net jidderee gehalen. Trotz de ville Warnungen huet de berüümten “Naked Cowboy” Robert Burck um Times Square säi Stroosseconcert, deen hie reegelméisseg mécht, ofgehalen. Natierlech, wéi soll et anescht sinn, just a senger Ënnerwäsch, dem Cowboy-Hutt an de Cowboy-Stiwwelen. Ob vill Leit de Concert gekuckt a laang nogelauschtert hunn, ass net iwwerliwwert.

Ma net just den Nordoste vun den USA ass vum Wanterstuerm betraff. Och den u sech méi waarme Süde kritt Ausleef dovunner mat an et gi fir déi Regiounen ongewinnte Fraschtwarnung. A Florida goufen d’Mënschen zum Beispill opgefuerdert, opzepassen, wa si dobaussen ënnerwee sinn, well de Risiko besteet, datt Leguanen, déi vun der Keelt geläämt sinn, vun de Beem falen. Dës Déiere kënne bis zu 9 Kilo weien.

RTL-News: Wanterstuerm un der US-Ostküst - Honnertdausende Stéit ouni Stroum, éischt Doudesaffer ze bekloen

Back to Top
CIM LOGO