Hie gesäit sech net méi onbedéngt just an der Roll vun deem, dee finanziell fir seng Famill suergt. Mä spigelt d’Gesellschaft vun haut dat Bild och erëm? Dat ass d’Fro, déi am Magazin-Reportage opgeworf gëtt: Wat ass d’Bild vum Papp an der Gesellschaft vun haut? Engersäits léiere mer do de Geroges Clees kennen, dee virun 2 Joer Papp gouf vun engem klenge Meedchen, d’Fiona. Fir hie war et kloer: hie wéilt e maximum un Zäit mat senger Duerschter verbréngen. Eng grouss Hëllef heibäi war awer sécherlech d’Reform vum Congé parental. D’Méiglechkeet, dësen net méi mussen um Stéck ze huelen, ma och einfach een Dag an der Woch zousätzlech fräi ze hunn, huet vill Pappen iwwerzeegt, méi Zäit bei de Kanner ze verbréngen. Firwat dat a sengen Ae wichteg ass? Wat d’Roll vum Papp vun haut ass? A wou hie sech selwer a senger Roll als Papp gesäit, erkläert en am Reportage.
Datt et awer och Pappe ginn, bei deenen et net selbstverständlech ass, datt se vill Zäit mat hire Kanner kënne verbréngen, weist den Achim. E Papp vun 3 Kanner, deen ëm d’Suergerecht vun hinne kämpfe muss. Ze dacks géife Pappen a Fäll vu Scheedunge benodeelegt ginn an dofir engagéiert hie sech och zesumme mat der a.s.b.l. “Fathers against discrimination” dofir, datt net nëmmen no de Mamme gekuckt soll ginn, am Fall vu Scheedungen, ma virop a virun allem no de Kanner.
Ee Beispill dofir, datt de Papp awer alt ze dacks an der Gesellschaft vun haut vergiess gëtt, liwwert eis eng Petitionärin. Ëm wat et do geet a wat déi frësch gegrënnten a.s.b.l. “The Luxembourg Daddy Group” ass, si weider Themen am Reportage.