
Mir haten Iech Ufank der Woch zwou Froe gestallt. Mir wollte vun Iech wëssen, dat fir Iech déi essentiellste Beruffer sinn an wéi enge Beruffsgruppen der onbedéngt Merci sote wëllt.
Op eis Fro mat de Beruffer krute mir 1.747 Äntwerten eran, dat mat 65 verschiddene Beruffer respektiv Beruffsgruppen.
Dobäi huet sech kloer eng Top Véier erauskristalliséiert:
Top 10 gëtt dann ergänzt duerch:
Weider Stëmme sinn dann nach un d’Educateuren, d’Handwierker, d’Pompjeeën, d’Camionneuren, d’Leit aus der Fuerschung, d’Politiker, d’Affekoten an d’Informatiker gaangen. Weider 46 Beruffer, dorënner d’Buschauffer, d’Bäcker, d’Sozialaarbechter, d’Apdikter, d’Sécherheetsbeamten, d’Doudegriewer oder d’Zaldote krute manner wéi 10 Stëmmen.
Déi meeschte Leit, déi op dës Fro geäntwert hunn, konnte sech net fir ee Beruff entscheeden, verständlecherweis. Esou krute ganz vill vun de Beruffer, déi mer hei opzielen, wäit méi wéi just ee Merci.
Verschiddener hunn da méi speziell Äntwerte ginn wéi Astronaut, Futtballspiller oder Prostituéiert. Ganz vill Leit wollten dann och all deene Merci soen, déi wärend der Covid-Kris geschafft hunn an domadder och riskéiert hunn, sech selwer mam Virus unzestiechen. Eng Handvoll Leit hunn dat awer net esou gesinn. Fir si wier et kloer, datt déi Leit hir Aarbecht esou gemaach hunn, well se jo schliisslech dofir bezuelt ginn. Donieft hu si och erwäänt, datt déi Leit jo wossten, ob wat se sech géifen aloossen, wéi si sech hire Beruff erausgesicht hunn.
Bei Duerchliese vun all de Propositiounen, déi mer erakruten, haten och verschidde Leit dee méi oder manner léiwe Message matginn. Zwee Stéck dovunner hunn eis awer extrem gutt gefall a mir kënnen eis deenen zwou Persoune just uschléissen. Dës wollte mer dem Lieser natierlech och net virenthalen:
“All Beruff ass e Puzzeldeel, datt eis Gesellschaft funktionéiert. Fält eppes ewech, ass de Puzzel och net méi komplett.”
“All de Leit [soen ech Merci]. Vun deenen, déi déi dreckeg Aarbecht gemaach hunn, bis zu den héich geléierte Medezinner. An allen, alle Mënschen, déi eis bei dëser Kris net am Stach gelooss hunn. Merci, Merci, Merci!”
Well eis Ëmfro anonym war, kënne mer Iech leider net d’Auteure vun dëse léiwe Wierder nennen. Hinnen awer och e Merci fir de léiwe Message.