Wou ee viru Chrëschtdag e Beemche fënnt, dat wëssen déi meescht, wou se en nees lassginn, dat och. Mä hutt der iech schonn emol d’Fro gestallt, wou et fir de Beemchen, dee säin Déngscht geleescht huet, higeet?
Si hunn eis Chrëschtdag verschéinert, si waren Deel vun enger Traditioun an dann, no Dräikinneksdag ass et eriwwer mat Lametta an Co. Mä wou geet en hin onse Beemchen, wann en ons Wunnenge verléisst a virun der Dier lant?
Esou ass et emol an der Gemeng Déifferdeng. Eng Woch laang si 6 Aarbechter am Asaz, fir se anzesammelen. An obwuel et de Plastik-Beemchen mëttlerweil gëtt, wëllen déi meescht Leit awer e Richtegen doheem an der Stuff stoen hunn. An anere Wierder huet d’Zuel net ofgeholl.
Och d’Gemeng Lëtzebuerg geet no Dräikinneksdag Beemercher sammelen, hiren Depot zu Hollerech ass nëmmen eng Tëschestatioun fir déi propper Beemercher. Näischt geet verluer,de Beemchen erfëllt säin Zweck also nach als Mulch, deen am Laf vun deenen nächste Méint an der Gemeng bei de Plantatioune verdeelt gëtt an de Beem nach wichteg Nährstoffer liwwert.
D’Gemeng Lëtzebuerg mierkt all Joer, dass den Effektiv an der Stad eleng, wat d’Chrëschtbeemercher ugeet, an d’Luucht geet. Elleng zu Lëtzebuerg ginn pro Joer 120.000 Chrëschtbeemercher kaf, déi all herno recycléiert ginn . Net ze vergiessen, dass d’Nofro, fir sech e Beemchen mat Wuerzel ze lounen, deen een herno nees zréckgëtt, definitiv an de leschten Joren an d’Luucht gaangen ass.