VIDEO-ReportageWat ginn et fir Alternative fir d’Wunnen am drëtten Alter?

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Fro, déi ee sech vläicht net gäre stellt: Wéi wunnen ech, wann ech bis al sinn? Ganz eleng doheem? Oder dach an engem Altersheem?
Wat ginn et fir Alternative fir d’Wunnen am drëtten Alter?
Et ass eng Fro, déi ee sech vläicht net gäre stellt: Wéi wunnen ech, wann ech bis al sinn? Ganz eleng doheem? Oder dach an engem Altersheem?

Fir verschidde Leit am drëtten Alter ass béides net déi ideal Léisung. Mä ginn et zu Lëtzebuerg iwwerhaapt aner Wunnforme fir Senioren?

Eng Méiglechkeet ass betreit Wunnen, wéi et beispillsweis Servior zu Ëlwen am Gebai “Liewensbam” ubitt. Konkret bedeit dës Wunnform: Mëttegiessen, Aktivitéiten a verschidde Soine fir Hygiène a Gesondheet ginn ugebueden. Fir de Rescht soll all Bewunner esou liewe kënnen, wéi en et vum eegestännege Wunne gewinnt ass.

D’Associatioun Cohabit’AGE bréngt jonk Leit, déi eng Wunneng sichen, mat eelere Leit a Wunngemeinschaften zesummen. Zu Veianen huet Cohabit’AGE e ganzt Haus mat 8 Wunnengen opkaaft fir eng sougenannte “Cohabitation intergénérationnelle”. Déi jonk an déi eeler Bewunner hunn hir Appartementer fir sech, mä et hëlleft ee sech géigesäiteg an organiséiert gemeinsam Aktivitéiten.

D’a.s.b.l. Beienhaus besteet just aus Senioren, déi sech zesummegedoen hunn, eng WG fir Leit am drëtten Alter ze maachen. Ënnerstëtzung kréie si vun der Societéit Nouma. Mëttlerweil hu si en Haus zu Luerenzweiler fonnt, wat sech fir dëse Plang ubitt. 2022 sollen hei 11 bis 12 Appartementer entstoen.

Et gi se also, och hei am Land: D’Alternative fir d’Wunnen am drëtten Alter. Jee nodeems wéi sech d’Gesondheet verschlechtert, bleiwen dës Wunnformen awer net ëmmer déi ideal Léisung bis zum Liewenssënn. Mä och déi klassesch Alters- a Fleegeheemer passe sech un nei Besoinen un.

Back to Top
CIM LOGO