#subwaydogsWat net passt, gëtt passend gemaach

RTL Lëtzebuerg
Zu New York dierfen d'Hënn net am Metro matfueren, ausser se passen an eng Posch, déi de Besëtzer op der Schëller oder um Réck droe kann.
© Animal Acupuncture/Twitter

Des Moossnam huet d’Awunner vum Big Apple allerdéngs net dozou bruecht, fir d’Véierbeener Doheem ze loossen. Am Géigendeel: Zanter der neier Reegelung entdecken d’Muppen déi confortabel Säit vum ëffentlechen Transport.

Um knaschtege Buedem sëtzen ass out - vum Meeschter gedroe ginn ass in!

Wéi kreativ d’Amerikaner mat dëser Mesure ëmginn, gëtt ëmmer nees an de sozialen Netzwierker gewisen. Ënnert dem Hashtag #subwaydog an #nycsubwaydogs weisen d’Hondsbesëtzer, wéi si op legalem Wee kënne Widderstand leeschten a sech dobäi lëschteg iwwert déi nei Reegel maache kënnen.

Ob een an Zukunft och zu Lëtzebuerg 30 Kilo schwéier Fellnuesen an enger Ikea-Tut am Tram gesäit?

Back to Top
CIM LOGO