
1. Januar: D’Indextranche vun 2,5% trëtt a Kraaft
1. Januar: De Rauchmelder gëtt obligatoresch zu Lëtzebuerg, fir Wunnengen an Haiser déi scho bestinn, gëtt et eng Phase vu 5 Joer, vir sech mat Rauchmelder z’equipéieren, bei neie Wunnengen sinn d’Melder direkt obligatoresch.
9. Januar: Déi nei Kontrollstatioun zu Maarnech mécht seng Dieren op
31. Januar: De Brexit trëtt a Kraaft a Groussbritannien verléisst d’EU
Tëscht Februar an Abrëll 2020 dierften d’Acquise fir de Bensin an den Diesel klammen. De Bensin gëtt tëscht 1-3 Cent méi deier, den Diesel wäert ëm 3-5 Cent klammen.
29. Februar: 2020 ass e Schaltjoer, dohier hu mer een Dag méi am Joer, dee jo bekanntlech de Februar bäi kritt.
1. Mäerz: gratis ëffentlechen Transport um ganze Lëtzebuerger Territoire
29. Mäerz: Déi lescht Episod vun der Lindenstraße gëtt diffuséiert
30. Mäerz: Lëtzebuerg wäert de Streaming-Service Disney+ kréien an domadder eng grouss Konkurrenz fir Netflix duerstellen
12. Juni – 12. Juli: Futtballeuropameeschterschaft, dës Kéier verdeelt op e puer Länner an Europa, d’Finall ass zu London
24. Juli – 9. August: Olympesch Summerspiller zu Tokyo a Japan
15. September: Déi nei Lëtzebuerger Orthographie trëtt offiziell a Kraaft
20. Oktober: Expo 2020 zu Dubai
3. November: Presidentschaftswalen an den USA
31. Dezember: Glyphosat gëtt zu Lëtzebuerg verbueden
Automatiséiert Fuere gëtt dëst Joer Realitéit. A Frankräich wäerten Autoen déi automatiséiert fueren op de Stroossen deels offiziell erlaabt ginn. An am Summer 2020 sollen déi éischt automatesch Taxien an den USA fueren.
D’Republik Liberia gëtt dat éischte Land op der Welt, dat komplett opgehalen huet, Beem ze haen. Norwegen huet an engem Deal festgehalen, dass ronn 150 Milliounen Dollar vum skandinavesche Land als Hëllef solle vun 2020 un iwwerwise ginn, sollten et Resultater ginn.