
An do wëll een elo och erausfonnt hunn, dass déi eng Stärenzeeche méi Tendenzen zur Kriminalitéit hunn ...
Dat Ganzt huet zwar keng wëssenschaftlech Basis, ass awer nawell interessant als klengt Experiment. Esou gouf als éischt eng Lëscht mat de 25 schlëmmste Seriemäerder weltwäit zesummegestallt, an doropshin hir Stärenzeeche gekuckt. Mir hunn hei d’Top 3 vun de schlëmmste Stärenzeechen.
Op der drëtter Plaz fanne mer d’Stärenzeeche Schütze.
A firwat kéint de Schütze zu deenen däischtere Stärenzeeche gehéieren? Ma Schütze leeë vill Wäert op hir Fräiheet an Onofhängegkeet. Donieft solle se och d’Tendenz hunn, liichtsënneg ze sinn a sollen och schwaach punkto Taktgefill an Empathie sinn. Dat gesäit ee gutt um Beispill vum Ted Bundy. Zweemol ass den Ted Bundy erfollegräich aus dem Prisong ausgebrach a war och eng Zäit op der Flucht. Ee Mangel un Empathie hat de Bundy ganz kloer: op d’mannst 35 Fraen huet en aus dem Liewe gerappt.

Déi zweet Plaz vum Podium gehéiert den Zwillingen.
Een Zeechen, dat dofir steet, ganz besonnesch charmant Leit ervirzebréngen, huet awer och de Ruff zwee Gesiichter ze hunn. Sou zum Beispill als Ligener, dee kee Problem huet, Leit eppes virzespillen. Déi Liichtegkeet ze léien, gesäit ee beim Jeffrey Dahmer, deen op d’mannst 15 jonk Männer ëmbruecht huet. Dacks huet den Dahmer hinne versprach, bei engem professionelle Fotoshooting kënne matzemaachen. Souguer zwee Poliziste krut e mat senger charmanter Aart a Weis agewéckelt a vu sech ofgelenkt. Wat leider nach méi Leit d’Liewe kascht huet.

Op der éischter Plaz vun dësem Ranking ass d’Stärenzeeche Fësch.
Eigentlech als ee ganz harmonescht Stärenzeeche gesinn, mat ganz ville positive Qualitéiten. D’Fësch sollen awer och dozou tendéieren, immens unhänglech ze sinn, oder de Bezuch zur Realitéit ze verléieren. Deen Aspekt beweise sécher Seriemäerder wéi den John Wayne Gacy, deen op d’mannst 33 Jongen ëmbruecht huet, oder d’Aileen Wuornos, op deem de Film “Monster” mam Charlize Theron baséiert.


Wéi scho gesot, dat Ganzt ass awer elo net als Wëssenschaft ze gesinn. Där braucht also elo net all Schütz, Zwilling oder Fësch Stärenzeechen z’evitéieren.