Magazin - Faszinatioun 80er, 90erWéi kann ee sech deen "Nostalgie-Hype" erklären?

RTL Lëtzebuerg
Walkman, Rubiks Cube, Neon-Leggins… Vill Leit erënnere sech gären u Saachen aus den 80er an 90er Joren. Och am Internet.
Faszinatioun 80er, 90er
Leschte Samschdeg war am Melusina déi grouss “Boum”, organiséiert vum Facebook-Grupp “Lëtzebuerg an den 80er an 90er – Eis Generatioun”.

E Facebook-Grupp mam Numm “Lëtzebuerg an den 80er an 90er – Eis Generatioun” sammelt esou nostalgesch Souveniren – mat enormem Succès. Virun zwee Méint gegrënnt, huet de Grupp mëttlerweil bal 32.000 Memberen.

D’Bedreiwer vun der Facebook-Grupp hunn den 19. Januar eng Retro-Party am Melusina organiséiert. Den Event war 5 Deeg am Viraus ausverkaf.

Egal op Queen, Tina Turner oder Nirvana, et gouf nëmme Musek aus den 80er an 90er, opgeluecht vun DJ’en, déi deemools schonn aktiv waren. An der Kees krut ee souguer eng nogemaachte Jumbos-Kaart als Souvenir. Fir vill Partygäscht war et eng Rees an déi eege Vergaangenheet.

Och den RTL-Fotograf war fir eis op der Plaz.

FOTOGALERIE: D’Andréck vun der “La Boum”.

Back to Top
CIM LOGO