Fro den AffekotWéi kann ee sech op eng Scheedung preparéieren?

Bob Konsbruck
Wat geschitt, wann d’Hochzäit net fir ëmmer hält? Doriwwer hu mir mam Maître Jean-Jacques Schonckert geschwat.
© Grafik RTL

Wéi kann ee sech op eng Scheedung preparéieren?

Well haut bal all drëtt Bestietnis an d’Bréch geet, ass et wichteg, sech scho virun der Hochzäit Gedanken ze maachen. Bei enger Scheedung gëtt nämlech dat gemeinsaamt Verméigen opgedeelt – jee nodeem, a wéi engem Regimm d’Koppel gelieft huet.

Eng Séparation de biens suergt fir kloer Reegelen: Jidderee behält dat, wat him oder hir gehéiert. Dat verhënnert spéidere Sträit. Bei enger Communauté de biens dogéint gëtt alles, wat wärend dem Bestietnis ugeschaaft gëtt, gedeelt an dat féiert dacks zu Onstëmmegkeeten.

Besonnesch bei Patchwork-Famillje kann eng speziell Reegelung hëllefen.

De Rot vum Affekot: Mateneen doriwwer schwätzen a bei en Notaire goen. Kloer Ofkommes bedeiten net Mësstrauen, mä Sécherheet fir béid Säiten.

Back to Top
CIM LOGO