
Wéi kréien ech en Urteel vollstreckt?
Um Fluchhafen zu Linz ass d’lescht Woch eng Ryanair‑Maschinn saiséiert ginn – wéinst engem Sträit ëm just 355 Euro. Eng Passagéierin hat am Summer 2024 13 Stonne Verspéidung, krut viru Geriicht Recht, mee d’Fluchgesellschaft huet d’Entschiedegung net bezuelt.
De Maître Jean‑Jacques Schonckert erkläert, datt och Privatleit d’Recht hunn, en Urteel konsequent duerchzesetzen:
“Mat engem Vollstreckungstitel kann de Geriichtsvollzéier all legal Mëttel notzen – vu Bankkonte bis Miwwelen. An dat verjäert net.“ Zu Lëtzebuerg kann de Vollzéier esouguer mat Hëllef vun der Police d’Dier opmaache loossen, wann néideg. Wat hei net geet: eng “Taschenpfändung” wéi an Däitschland, wou perséinlech Géigestänn direkt op der Strooss kënne saiséiert ginn.
D’Saisie vun enger ganzer Boeing ass seelen, mee juristesch méiglech, wann eng Gesellschaft eng Schold ignoréiert.
De Maître Schonckert bréngt et op de Punkt:
“E Geriichtsurteel huet Wäert – och bei engem klenge Montant.“