"Hola Mallorca" (2)Wéi wier et mat enger Tëntefësch-Zalot an enger Baiser-Taart?

Viviane Conter
Liichte Summerkascht zerwéiert vum Dan Becker a sengem Gaascht Frank Zeißler.
"Hola Mallorca" mam Frank Zeißler
Liichte Summerkascht a Form vun enger frëscher Zalot an enger Baiser-Taart mat Äerdbiere stinn dës Kéier um Menü.

De Frank huet e klengen Hotel op Mallorca an zemools seng hausgemaachten Desserte si bei de Gäscht gefrot. Eis verréit hie säin Rezept fir eng Baiser-Taart mat frëschen Äerdbieren. Als Entrée gëtt et eng Tëntefësch-Zalot.

Wat brauch een, fir d’Rezept nozekachen?

Fir d’Tëntefësch Zalot:

Tëntefësch
Scampien
kleng Tomaten
1 rout Ënn
1 Zitroun
Péiterséileg
Koriander
Fenschel
schwaarz Oliven
Oregano
2 Muerten
1 Staang Zellerie
Salz a Peffer

Fir den Äerdbier-Baiser-Kuch:

fir den Deeg:

4 Eegiel
1/2 Taass Zocker
1/2 Taass Miel
1 Pak Bakpolver
4 EL Mëllech

fir de Baiser:

4 Eewäiss
1 Taass Zocker
1 Pak Vanillszocker
Mandelen

Fir d’Fëllung:

500 Gr Äerdbieren
2 Bechere Ram

Hola Mallorca Deel 1: Mallorquinesch Albondigas mat Auberginnen

Back to Top
CIM LOGO