Opgepasst!Wéinst méiglechem Bedruch soll d'Joreszuel 2020 ni ofgekierzt ginn

RTL Lëtzebuerg
Mam Joreswiessel muss een net nëmmen dorun denken, 2020 amplaz vun 2019 op offiziell Dokumenter ze schreiwen.
© pixabay

Ma och d’Ofkierze vun der Joreszuel 2020 soll ee sech besser ofgewinnen. Weltwäit warnen nämlech Autoritéite virun der Schreifweis “20". De Grond dohannert ass einfach: Onéierlecher kënnen esou Dokumenter fälschen, andeems si aus “20" zum Beispill “2019" maachen. Op dës Manéier kann de selwechte Scheck e puer Mol ageléist ginn oder en Dokument als ongülteg gëllen.

Back to Top
CIM LOGO