Wäin fir d’Greta Thunberg?Wie seet dann, datt Wäifläsche musse ronn sinn?

Petz Bartz
Op der Klimakonferenz ass däitlech ginn, datt et net duergeet, op Diesel-Autoen ze verzichten, wann d'Welt hir ambitiéis Klima-Ziler wëll erreechen.
Wie seet dann, datt Wäifläsche musse ronn sinn?
Op der Klimakonferenz ass däitlech ginn, datt et net duergeet, op Diesel-Autoen ze verzichten, wann d’Welt hir ambitiéis Klima-Ziler wëll erreechen.

E radikaalt Ëmdenken an eng konsequent a-Fro-Stellung vu villen Detailer am Alldag wären néideg, fir op déi CO2-Wäerter ze kommen, mat deenen eng Klimakatastroph kéint verhënnert ginn. Als Beispill dat hei: Wie seet dann, datt Wäifläsche musse ronn sinn?

Hir Büroe sinn nach e bësse provisoresch ageriicht bei Garçon Wines zu London, mee d’Gesellschaft huet vill Wëlles an Zukunft, well hir Business-Iddi läit voll am Trend: d’Welt brauch flaach Wäifläschen, seet de Patron.

Mir entwéckele Verpackunge fir d’Greta-Thunberg-Generatioun, net fir déi al Generatiounen, mä fir d’Zukunft. Wa Jonker a Schüler streike wéinst der Klimakris, da musse mer erkennen, dass no 2020, 2025 oder 2030 kee méi wäert Wäin drénken aus schwéieren, ineffikasse Fläsche mat engem grotesk schlechten CO2-Bilan.”, betount de Santiago Navarro, de CEO vu Garçon Wines.

Et ass eng gewoten Ausso, well d’Léisung, déi Garçon Wines proposéiert, ass net nëmme rechteckeg, mee och nach aus Plastik.

Plastik ass en immenst Material. Mir mussen de richtege Plastik responsabel gebrauchen an da musse mer e recycléieren an en neit Produkt. Dat gëtt vill méi bëlleg. Wa mer eng PET-Fläsch gebrauchen amplaz eng aus Glas, spuere mer 77% CO2-Emissiounen an. Dat ass vill. Eng gliese Fläsch misst een 20 Mol gebrauchen, fir dass se dee selwechten CO2-Bilan huet wéi eng PET-Fläsch mat 60% recycléiertem Plastik.”, esou nach de Santiago Navarro.

Mat 63 Gramm ass déi flaach Plastiksfläsch 87% méi liicht wéi déi aus Glas. Et si Suen an CO2, déi bei der Logistik, dem Transport an dem Stockage zu Aspuerunge féiere vu bis zu 60%, behaapt Garçon Wines. A si wier méi praktesch fir den Online-Verkaf.

Vill Industrië mussen erwächen, well mir liewen an enger anerer Zäit a vill ze vill Leit sinn nach am 20. Joerhonnert, mä mir sinn am 21. Joerhonnert. Wäin ass e gutt Beispill, well mir gebrauchen nach ëmmer eng Verpackung aus dem 19. Joerhonnert. Mir sinn awer net méi am 19. Joerhonnert.”, esou d’Conclusioun vum Santiago Navarro.

Um Enn wäert et de Konsument sinn, deen entscheet, ob en d’Verpackung esou acceptéiert. Wat opfält, ass awer, dass souguer den antisepteschen Dréistopp mëttlerweil vu villen net méi a Fro gestallt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO