Deier BläungenWiener huet Polizisten ugepuupt a krut eng säfteg Geldstrof

RTL Lëtzebuerg
500 Euro Strof muss e Mann bezuelen, well hien zu Wien an d'Richtung vu Poliziste gepuupt huet.
© AFP

De Mann hätt den “öffentlichen Anstand verletzt” esou d’Erklärung vun de Beamten, fir déi héich Strof. D’Poliziste wollten der Persoun hir Personalie kontrolléieren, wéi deem seng Bläunge sech ganz haart bemierkbar gemaach hunn.

Et wier mat “voller Absicht” passéiert, schreift d’Police, an d’Kolleegen op der Plaz géife sech och net esou gär upuupe loossen. Si géifen natierlech keng Persoun, déi eng Kéier ouni Absicht puupt, direkt protokolléieren. Ma dës Persoun war vis-à-vis vun de Beamte provokant an onkooperativ. De Beschëllege kann awer nach Appell géint de Protokoll aleeën.

Back to Top
CIM LOGO