Erliefnis-Trip an EuropaWou kann ee fir Halloween am beschte fäerten?

RTL Lëtzebuerg
Vill Leit fuere jo gären iwwer Allerhellgen an d'Vakanz. Mä firwat net emol Halloween op enger grujeleger Plaz verbréngen?
© AFP-Archiv

Hei an Europa ginn et vill Plazen, op deenen de Leit d’Schudderen ausginn.

Fir d’éischt gi mer bis op Edinburgh, eng Stad, déi bekannt ass fir seng düster Vergaangenheet. Owes gëtt een do 75 Minutte laang duerch déi ënnerierdesch Gäng guidéiert. Do dernieft steet eng Visitt vum, wéi si soen, “gréisste Kierfecht vun der Welt” um Programm. An och Geschichten iwwer Geeschter, Morden a Folter.

Da kann ee sech awer och mam Bus duerch London kutschéiere loossen. Do entdeckt een dann d’Gaassen, an deenen den Jack the Ripper op seng Affer gelauert huet. Dat Ganzt dauert zwou an hallef Stonnen a gëtt traditionell an engem Pub ofgeschloss.

Jack The Ripper/Illustratioun
Jack The Ripper/Illustratioun
© AFP-Archiv

Eriwwer dann op Venedeg. Och déi Stad huet esou munch grujeleg Geschichten ze bidden. Geeschtergeschichten a Legenden iwwer Venedeg kritt een do erzielt. Wéi zum Beispill iwwert de Biasio, e mëttelalterleche Kannermäerder vu Venedeg.

Zu Prag gëtt ee Geschichte gewuer vu senge Mäerder, Alchimisten, Monsteren a Geeschter. Geeschter, déi haut nach sollen zu Prag präsent sinn.

Zu Stockholm geet ee mat enger Lanter duerch deen eelste Véierel Gamla Stan. Geschichten a Legende vu Vampiren a Geeschter. An et geet iwwer Morden an ongeléiste Geheimnisser, wann een iwwert de Pavé trëppelt.

Fir 55 Euro kënnt een d’Bran Castle a Rumänien besichen, bekannt, well den Dracula do soll gelieft hunn. Dat ass eppes fir déi méi fäertereg, well deen Tour gëtt och am Dag ugebueden.

Bran Castle
Bran Castle
© AFP-Archiv

A wann dat net scho grujeleg genuch wier: zu London gëtt et ee Kostüm bei de Kanner, deen op Halloween ganz beléift ass ... Se verkleeden sech do als Boris Johnson a ginn da bei d’Leit un d’Dier schellen.

Back to Top
CIM LOGO