
A méi no wéi zu Rotterdam wäert dat warscheinlech ni méi de Fall sinn. 4 Gebaier solle wärend de Renovatiounsaarbechte vum SBV Excelsior Rotterdam op de Stadion selwer gebaut ginn. Mat dësem multifunktionale Projet wëll een ënnerschiddlech Welte matenee verbannen: Gesondheet, Beweegung, Sport a Wunnen.
Donieft sollen och méi Sëtzplaze fir Spectateure geschaaft ginn. Dës solle vun 4.300 op 6.500 eropgoen. Ob de Projet gréng Luucht kritt, ass awer nach net gewosst. D’Pläng goufen der Stad Rotterdam mol virgeluecht.