
Endlech nees akafe goen - dat hu sech wuel déi lescht puer Deeg an Däitschland e puer Leit méi gesot. Esou sinn op verschiddene Plazen d’Geschäfter reegelrecht iwwerlaf ginn.
Notamment war dat bei enger Rëtsch vun Handwierks- a Miwwelgeschäfter an Däitschland de Fall. Zu Köln beispillsweis hat ee sech op de groussen Zoulaf bei IKEA mat Ofspärungen an der Entrée geriicht. Wéi dës Foto op Twitter weist, gouf sech just zum Deel un d’virusbedéngten Ofstandsoploe gehalen.
Änlech soll et an engem IKEA zu Düsseldorf gewiescht sinn. De grousse Parking virum Miwwelgeschäft gouf vu Sécherheetsleit kontrolléiert, soudatt et bis op d’Autobunn zeréckgestaut huet, mellen däitsch Medien. Vum Stau goung et fir déi akaffreedeg Leit dunn an eng Schlaang, wou een huet ronn 2 Stonne misse waarden.

Vill Experten hu sech kritesch zu dëse Mënschendrauwen an - als Rappell - nach ëmmer Covid-19-Zäite geäussert. Et wier genee op dës Aart a Weis, wéi sech esou ee Virus kéint verbreeden. IKEA selwer huet sech an e puer Schreiwessen an de soziale Medien iwwerdeems gewiert a gesot, et wier alles “reibungslos” ofgelaf, d’Sécherheetskonzept hätt gegraff.