
Den däitsche Youtuber Jan Zimmermann ass dout. Dat hunn eng Rei däitsch Medien e Méindeg gemellt. Wéi et vun der “Bild” geheescht huet, hätt e Spriecher vun der Police matgedeelt, dass dee 27 Joer alen Zimmermann schonn den 18. November dout a senger Wunneng fonnt gouf. Et wier eng Enquête an d’Weeër geleet ginn, déi awer schonn ofgeschloss gouf. Deemno konnt e Friemverschëlden als Doudesursaach ausgeschloss ginn.
Wéi e Méindeg den Owend um Instagram-Account vu “Gewitter im Kopf” matgedeelt gouf, wier hien onerwaart un enger epileptescher Kris gestuerwen.
De Jan Zimmerman war virun allem wéinst sengem Youtube-Kanal “Gewitter im Kopf” bekannt. Hei huet hie senge ronn zwee Milliounen Abonente vu sengem Liewe mam Tourette-Syndrom gezielt, dat zäitweis och zesumme mat sengem Frënd Tim Lehmann.
Beim Tourette-Syndrom handelt et sech ëm eng neurologesch Stéierung, déi bei de Betraffene méi oder manner staark Ticken ausléist. De Jan Zimmermann hat 2022 bekannt gemaach, dass hie sech en esougenannten Hirnschrittmacher asetze gelooss huet, fir seng Ticken ze ënnerdrécken.