REPLAY: Live! Planet PeopleYvonne Lanners, Tom Schaul, Gérard Kraus a Peadar O’Guilin

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend um 19 Auer goung et ëm d'ONG Dignity, déi an Indien hëlleft, an ëm d'LuxCon am Live! Planet People.
VIDEO: Live! Planet People
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

D’Yvonne Lanners huet de schlëmmen Tsunami vun 2004 iwwerlieft. Zesumme mat Kollegen huet si du Sue gesammelt, fir de Leit op der Plaz ze hëllefen. Dorausser ass d’Asbl Dignity entstanen, déi mëttlerweil de Statut vun enger ONG huet. Dignity engagéiert sech virun allem fir Fraen a Familljen an Indien. Et geet dorëms, de Leit ze hëllefen, sech selwer ze hëllefen, explizéiert den Tom Schaul. Hien koordinéiert déi verschidde Projete vun Dignity an der Regioun Paderu.

Dëse Weekend ass am Forum Geesseknäppchen erëm dee grousse Fantasy-Festival LuxCon. Den Organisateur Gérard Kraus freet sech ënnert anerem op de Besuch vum ireschen Auteur Peadar O’Guilin, dee sech fir seng Romaner staark un der keltescher Mythologie inspiréiert.

Back to Top
CIM LOGO