
D’SNCB wousst näischt dovunner, dass d’Biller vum Zuchaccident an der Serie op Netflix gewise géife ginn a schwätzt vun engem respektlosen Ëmgang.
Am Film gesäit een an enger Zeen, wéi an engem fiktiven News-Flash um Fernseh d’Biller vum Zuchaccident an der Belsch gewise ginn. Als Erënnerung: Hei waren am Februar 2010 19 Mënschen ëm d’Liewe komm, 310 Persoune goufe blesséiert.
Et géif ee bedaueren, dass d’Biller fir esou e Film benotzt goufen, déi en plus komplett aus dem Kontext gerappt wieren. Et géif de Mangel u Respekt géigeniwwer de Verstuerwenen an den Hannerbliwwene weisen.
Wéi den “De Standaard” schreift, kéint et ganz gutt sinn, dass d’Opname vum Accident ouni Autorisatioun kaaft a benotzt goufen.