SpielBarZu Bouneweg kann een sech an d'Welt vun de Miniature-Spiller aloossen

RTL Lëtzebuerg
Zënter engem Joer gëtt et d'SpielBar elo schonn zu Bouneweg an zitt virun allem Fans vun strategeschen Spiller mat Miniatur-Figuren un.

De Besëtzer Valentino huet virun deem en d’SpielBar opgemaach, an der “Caverne du Goblin” geschafft, engem Spillgeschäft an der rue Bender an der Stad, dat mëttlerweil seng Dieren zougemaach huet.

Elo konzentréiert hien sech a senger SpielBar haaptsächlech op grouss Miniature-Spiller wéi Warhammer Fantasy oder Warhammer 40.000.

Hie selwer huet sech op d’Bemole vun de Figure konzentréiert, eng Aufgab, déi dacks wochelaang dauert, bis ee seng Figuren am Detail gemoolt huet.

Hei de Videoreportage vun RTL Todayiwwert d’SpielBar zu Bouneweg:

VIDEO: RTL Introduces - SpielBar
Now that the fantasy genre is fully ingrained in the mainstream, why not pop down to Spiel Bar Luxembourg in Bonnevoie and make your dreams a reality.

Back to Top
CIM LOGO