Verschidde Gemengen hu sech dofir awer op hir Aart a Weis eppes afale gelooss, fir dass d’Fuesent net ganz an de Vergiess geréit, an dass d’Leit sech awer verkleede kënnen. Zu Dikrech hat de Comité vun der Kavalkad ënnert anerem d’Iddi, fir de Geschäftsleit eng Iwwerraschung ze maachen.
Un Dekoratioun feelt et der Stad Dikrech net. Obwuel d’Kavalkad elo de Sonndeg ausfält, huet sech de Comité eng Partie aner Aktivitéiten ausgeduecht. Esou ass de Sandro Dimola als President vum Comité ënnerwee, fir dass d’Awunner d’Fuesent awer net vergiesse sollen.
Nieft engem Rallye fir d’Schoulkanner, an engem Fotosconcours an de soziale Medien, gëtt et fir d’Geschäftsleit eng Tut mat Dekoratiounen. Dëse Geste sollt hinnen et erméiglechen, fir e bësse Fuesent an d’Butteker ze bréngen. Verschiddener hu sech nach eng afalen gelooss: Wie verkleet kënnt, kritt esouguer e Kaddo.
Net mat dobäi dëst Joer ass de Kavalkad-Won. Dee steet bewosst mat anere Ween an der Hal. Et gouf och net dru geschafft fir dëst Joer. Fir de Sandro bleift et eng traureg Geschicht, well bis ewell war e praktesch nach bei all Kavalkad dobäi. 1991 war d’Kavalkad wéinst dem Golfkrich ausgefall an elo dëst Joer.
Et ass en trauregen Ament fir de Sandro: Keng 3 Tonne Kamellen, keng Gadgeten, am Stock gesäit et och aneschters aus ewéi déi Jore virdrun. Op d’mannst gouf Fuesent net vergiess.
Bleift ze hoffen, dass d’nächst Joer nees alles beim Alen ass. Dëse Sonndeg bleiwen d’Dieren emol zou.

D’Amicale vun de fréiere (Fues)-Prënzen a Prinzessinne vu Péiteng huet sech eppes afale gelooss, fir de Leit op Fuessonndeg eng Freed ze maachen. Si bake Fueskichelcher a liwweren déi um Fuesweekend a voller Prënze-Verkleedung un d’Leit, déi am viraus bestallt hunn. Si hunn dat op de soziale Medien ugekënnegt an haten en enorme Succès domat. Et sinn eng 300 Stéit, déi bestallt hunn. Si mussen also eng 100 Kilo Fueskichelcher uechter de ganze Süde liwweren.