Live! Planet People am ReplayZu Gaascht waren d'Lisi Gehrend, den Olivier Ferber an de Martin Heynen

RTL Lëtzebuerg
Dat Eent huet zu New York e Konschtwierk organiséier, den Zweete sammelt Sportsgezei fir aarm Jonker an deen Drëtte fiert bei bal all Wieder Montain Bike.
VIDEO: Live! Planet People
D’Lisi Gehrend iwwert hire Konschtprojet zu NewYork, de Martin Heynen iwwert eng MBK-Course am Schnéi an den Olivier Ferber iwwert seng Aktioun “Man to Human”.

D’Lisi Gehrend huet knapp zwee Joer zu New York gelieft a studéiert. Dat d’mannst wat ee soe kann: si huet do hir Spuren hannerlooss. Nodeems si dacks laanscht eng grouss plakeg Mauer gelaf ass, huet si e Konschtprojet lancéiert: D’Mauer soll mat engem risege Bild dekoréiert ginn. Si huet sech ëm d’Autorisatiounen, de Budget an d’Kënschtler gekëmmert. Mëttlerweil ass dëse Mural fäerdeg, an d’Lisi ass erëm zeréck zu Lëtzebuerg.

VIDEO-Reportage:VIDEO: New York: Lëtzebuerger Konscht-Studentin hëlleft, gréisst Mauermolerei ze realiséierenDen Olivier Ferber feiert d’nächst Woch de sechste Gebuertsdag vu “Man To Human”. Dës ASBL sammelt bei Veräiner a Butteker Sportsgezei a -schung, fir se dann u manner favoriséiert Jonker ze verdeelen. D’lescht Joer ware si esou ënnert anerem zu Havanna a Sankt Petersburg.

Fir de Martin Heynen gëtt et kee schlecht Wieder, fir Mountain Bike ze fueren. Hie bedreift esouguer säi Sport am déiwe Schnéi an an de Bierger. Ufank Februar war hien beim “Snow Bike Festival” zu Gstaad um Depart an ass no véier Deeg als Véierten iwwert d’Arrivée gefuer.

Ausbléck

8. Mäerz: Tun Tonnar + Skinny J (Musek) / Ivan Cardoso (Startup Chauffer) / Alex Heyar (MooFest)

Back to Top
CIM LOGO