Et war eng super Stëmmung an natierlech waren d’Leit - sou wéi et sech fir en Oktoberfest gehéiert - all passend ugedoen. D’Organisateuren haten sech wéi ëmmer vill Aarbecht gemaach. Alles huet gepasst a fir jidderee war eppes do.
Ma och mat der Musek hunn d’Organisateuren dëst Joer fir déi mëttlerweil 4. Editioun nach een drop gesat. Op 2 Säll haten d’Leit dëst Joer d’Méiglechkeet a “Schunkellaun” ze kommen: Am Haaptsall mam Sandy Botsch an Hoffi&Zambezi an am klengen Sall - dem Feuerstüble - mat Ni Doheem.
Wéi d’ Organisateuren eis matgedeelt hunn, ass d’Oktoberfest 2020 och schonn an der Planung.