Den Jackpot gouf hei zu Lëtzebuerg geknackt an dat souguer scho fir déi 3. Kéier.
Iwwer 28 Milliounen Euro: Gewënner-Ticket gouf zu Lëtzebuerg kafProportional gesinn, leie mer net schlecht am Verglach mat anere Länner, wou e schonn erausgaangen ass.
Et ass net ëmmer Gléck eleng, dat ee gewannen deet. Vill Leit spille mat Statistiken. An deem Kader kann een déi am meeschte gezunnen Zuelen ermëttelen: 20, 23, 44, 39, 17 a bei de Stären 2 an 3.
D’Zifferen, déi am mannste gezu gi sinn: 40, 18, 33, 22, 35 an 10 an 1 bei de Stären.
D’Chance, fir den Jackpot ze knacken, läit statistesch gesi bei 1 zu 140 Milliounen. Domat sinn d’Chancen zwar immens kleng, ma wéi heescht et esou schéin: Wien net wot, wien net gewënnt.