Euro MillionsZwou Persounen hunn iwwer 640'000 Euro gewonnen

RTL Lëtzebuerg
D'Gewënnzuele vun der Euro Millions Zéiung vum 31. Dezember 2019 sinn: 26 / 31 / 33 / 41 / 48 mat de Stären 2 a 4.

5 richteg Zuelen an 2 Stären hat dës Kéier keen.

Dofir haten awer direkt 2 Persounen 5 richteg Zuelen an 1 richtege Stär. Domat hu si 641'759,50 € gewonnen. Dat ass dach emol e gudde Start an dat neit Joer.

6 Leit hate 5 Richteger a kee Stär. Dat geet nach duer fir bal 50'000 € ze gewannen.

Déi komplett Iwwersiicht fannt dir op https://www.rtl.lu/info/loterie

Fir d’Zéiung vum 3. Januar 2020 si viraussiichtlech 62 Milliounen Euro am Jackpot.

Back to Top
CIM LOGO