
D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen hunn am Numm vu Blëtz un der Soirée deelgeholl. Bei dëser Geleeënheet hu si d’Aktivitéite vum Veräin virgestallt, dee sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt. Mir freeën eis immens, dass d’„Fraen a Mammen“ vu Réimech un eis geduecht hunn. Si hunn der Blëtz a.s.b.l. en Don an der Héischt vun 1.000 Euro iwwerreecht. Mir soe villmools Merci!