„Zesumme si mir staark a mir kënnen eppes beweegen!1.500 Euro vun de Jugendpompjeeën Dippech fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner
D'Jugendpompjeeë vun Dippech hunn sech staark gemaach zesumme mam Geschäft Proxi fir dass Geld gesammelt gëtt, fir op dësem Wee, Kanner a Jugendlecher ze ënnerstëtzen deenen et net esou gutt geet.
Déi jonk zukünfteg Pompjeeën konnten esou zesumme mat hiren Verantwortlechen ee ganz generéise Scheck vun 1.500€ un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen.