
Dank dëser Aktioun konnt der Fondation Cancer eng Zomm vu 2.500 € gespent ginn. D’Kanner aus der Nelly Stein Schoul konnten dunn och virun der Scheckiwwerreechung dem Claudia Gaebel all hir Froe stellen an sech esou e bëssen informéieren zum Thema Kriibs.
D’Claudia Gaebel huet allen Bedeelegte vun dëser Solidaritéitsaktioun häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.