D'Frënn vum Chrëschtbeemchen2.500 € fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

RTL Lëtzebuerg

Pressematdeelung:

Ufanks Dezember 2023 hunn sech wéi gewinnt d‘Frënn vum Krëschtbeemche beim Aloyse zu Käerch getraff. Nodeems si am Bësch hire Bam der Traditioun no selwer ofgeseet hunn, hunn si sech vun dëse Strapaze bei Glühwäin an Ierzebulli erëm opgewiermt a gestäerkt. Wéi all Joer hunn si d‘Sue vum Iessen a Gedrénks fir ee gudden Zweck gespent.
E Samschden, den 23. Mäerz 2024, konnten esou d‘Frënn vum Krëschtbeemchen der „Fondatioun Kriibskrank Kanner“ e Scheck vun 2.500,00 € beim Aloyse um Haff iwwerreechen die wieder Informatiounen iwwert hier Ennerstëtzungsarrbecht fir Kriibskrank Kanner ginn huet. Fir weider Informatiounen: www.fondatioun.lu

Back to Top
CIM LOGO