Elterevereenegung vun Ettelbréck2.874,19 € fir d'Fondatioun Cancer

RTL Lëtzebuerg
D’Elterevereenegung vun Ettelbréck ënnerstëtzt d’Fondation Cancer och erëm dëst Joer mat vill Engagement!
© Fondation Cancer

Am Kader vum Broschtkriibsmount ‘Rosa Oktober’ hunn si zesumme mat Schüler a Proffen an der Ettelbrécker Foussgängerzon Kuch a Kaffi verkaf, souwéi Infomaterial iwwert de Broschtkriibs ausgedeelt. Duerch dës Aktioun konnt eng Zomm vun 2.874,19 € gesammelt ginn.

«Aider ceux qui nous aident est une action qui se transforme en amour» seet d’Clara Santos am Numm vun der ganzer Ettelbrécker Elterevereenegung an de Schüler vum portugisesche Sprooch- a Kulturcours.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot wärend der Scheckiwwerreechung am Dikrecher Lycée. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO