
Ronderëm Manhatten schwamme fir de gudden Zweck. D’Paule Kremer ass nämlech déi éischte Lëtzebuergerin, déi d’20 Bridges Swim Challenge erfollegräich ofgeschloss huet.
„Spende sammele fir d’Fondation Cancer ass fir mech eng Häerzensugeleeënheet a gëtt mir d’Motivatioun fir weider fir e gudden Zweck ze schwammen an ze trainéieren. “
Paule Kremer
D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet dem Paule Kremer, wärend der enger Scheckiwwerreechung, häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement.
Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.