Kanner aus der Grondschoul vu Lënster24.238 € fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

RTL Lëtzebuerg
D'Kanner aus der Lënster Grondschoul sinn dëst Joer beim Charity Run un den Depart gaangen.
© Fondatioun Kriibskrank Kanner

Zesumme mam Léierpersonal hu si op dës Manéier 24.237,98 Euro fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt.

D’Schreiwes vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner

D’Kanner aus der Grondschoul vu Lënster sinn dëst Joer ganz motivéiert un de Start vun hirem Charity Run gaangen. Zesumme mat hirem Léierpersonal hunn si sech gutt präparéiert an hunn all Elteren, Frënn a Bekannter mobiliséiert fir si ze ënnerstëtzen. All Tour deen d’Kanner gelaf sinn ass mat engem Don belount ginn. An engem richteg flotte Kader hunn d’Kanner mat hirem Léierpersonal esou déi enorm d’Zomm vu 24.237,98 € op der Scheckiwwerreechung der Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerginn.

Back to Top
CIM LOGO