
Ganz genee sinn et 240.085 Euro déi bei Spenden zesummekomm sinn, déi elo un am Ganzen 33 verschidden Organisatioune gespent ginn. Heizou gehéieren ënnert anerem d’SOS Kannerduerf, d’Fondation Autisme, Convoy Ukraine an d’Fondation Solina, fir der nëmmen e puer ze nennen.
