
„D’Initiativ ‘D’Gemeng Betzder hëlleft’ ass op d’Bee gestallt gi mam Ziel ee bis zweemol d’Joer verschidden international a lëtzebuergesch Hëllefsorganisatioun mat engem Don ze ënnerstëtzen.“ seet de Marc Ries, Buergermeeschter vun der Gemeng Betzder.
Wärend der Scheckiwwerreechung ass d’Lucienne Thommes nach op Erausfuerderungen a Missioune vun der Fondation Cancer agaangen an huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.