Fischer – Muffin de l’Espoir4.500 € fir d’Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
D’Bäckerei Fischer huet d’Fondation Cancer mat dem Muffin de l’Espoir vu Februar bis Abrëll 2023 ënnerstëtzt.
© Fondation Cancer

Fir all Muffin goufen 0,20 € un d’Fondation Cancer gespent. Duerch dës Solidaritéitsaktioun konnt eng Zomm vu 4.500 € gesammelt ginn.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten an der ganzer Ekipp vu Fischer wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. Dësen Don wäert derzou bäidroen, fir d’Missioune vun der Fondation Cancer weiderhin ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO