
Am Kader vun enger Feier kruten d’Organisatioune Schecken an Héicht vun am Ganzen 42.850 € iwwerreecht. Déi verschidden Vertrieder vun der ONG “Komm Hëllef mat Préizerdaul”, “Bonnievale Projects”, “Médecins sans frontières”, “Plooschterprojet”, a „"Wonschkutsch” hunn sech erfreet iwwert dëse generéise Geste vun der Préizerdauler Gemeng gewisen.