Relais du Rire 20235.000 € fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
Bei der 5. Editioun vum Relais du Rire, engem Comedy Standup-Event am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng, konnt eng Rekordzomm vu 5.000 € fir d'Fondation Cancer gesammelt ginn.

Den Alex Monteiro huet dëst Joer fir d’fënneft nees d’Aarbecht vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt andeems hien e wonnerbare Relais du Rire 2023 op d’Bee gestallt huet. Um Programm war e Comedy-Owend mat talentéierte Breakdancer, Komiker, Improvisatioun a Magie. D’Präsidentin vun der Fondation Cancer, Dr. Carole Bauer, huet dem Organisateur Alex Monteiro an de Komiker Jérémy Moriau, Joss den Hellen, Juan Rodrigues a Mike Desa, souwéi den Improvisateuren Les Ons, dem Magier Stéphane Gehin an der Breakdance-Grupp Knowedge häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement.

Si verzichten all op hier Gage an engagéieren sech Benevole fir d’Aktioune vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO