
Si ënnerstëtzen all Joer ganz vill Associatioune mat ganz generéisen Donatiounen. Zanter ganz laanger Zäit gëtt och all Joer d’Fondatioun Kriibskrank Kanner mat engem ganz grousse Scheck ënnerstëtzt, an esou och dëst Joer. An engem ganz flotte Kader ass ee Scheck an Héicht vu 26.987,65 Euro vun de Käschtefrënn un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn.