Blëtz a.s.b.l.Don an Héischt vun 9.000 Euro fir eng Vëlosrees vun 8.000 Kilometer

RTL Lëtzebuerg
Den 23. Mäerz gouf et am Kader vun enger Informatiounsversammlung zum Thema "Neuropsychologie an Hiereschlag" eng Scheckiwwerreechung fir d'Asbl Blëtz.
Vu lénks no riets: Chantal Keller (Presidentin Blëtz a.s.b.l.), Jo Klein an Alessandra Lops.
Vu lénks no riets: Chantal Keller (Presidentin Blëtz a.s.b.l.), Jo Klein an Alessandra Lops.

D’Alessandra Lops an de Jo Klein hunn d’lescht Joer eng Vëlosrees duerch Europa gemaach an dobäi 9.000 Euro fir de gudden Zweck gesammelt. D’Koppel war aacht Méint ënnerwee an huet 8.000 Kilometer hannert sech bruecht.

D’Suen, déi esou zesummekomm sinn, ginn un d’Asbl Blëtz, déi esou d’Käschte fir neuropsychologesch Berodunge fir Betraffener vun AVCe kann iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO