
D’lescht Joer goufen 850 Wafele verkaf, woumat 2.500 Euro ageholl goufen. Dëse Gewënn gëtt vollstänneg un eng karitativ Associatioun gespent.
Dës Kéier gouf d’Trauerwee asbl ausgewielt, déi trauerend Kanner a Jugendlecher ënnerstëtzt, déi schonn a jonke Jore Leit an hirem Liewe verluer hunn. De Scheck gouf iwwergi vum President vum FSSC Roger Zwally, vun der Vizepresidentin vum FSSC Patrizia Ascani, a vun der Sekretärin vum FSSC Silvana Antunes.
