E Stopp fir e MuppValorlux iwwerreecht Scheck fir Ausbildung vun Assistenzhond

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg huet Valorlux der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn e Scheck iwwer 20.000 Euro iwwerreecht. Heimat kann de Silver ausgebilt ginn.
© Valorlux

De Silver, e Golden Retriever, gouf elo vun der Asbl Op der der Schock opgeholl a soll hei als soziale Begleethond agesat ginn. D’Ausbildung vum Begleethond gëtt mat Hëllef vum Scheck vun der Valorlux am Wäert vun 20.000 Euro finanzéiert.

Dëst ass d’Resultat vun der Sammelaktioun “E Stopp fir e Mupp”. Zënter 2011 sammelt d’ASA Stëpp vu Fläschen. D’Entreprise Hein Déchets weit dës dann an d’Stëpp gi recycléiert. Fir all Tonn, déi gesammelt gëtt, assuréiert Valorlux e finanzielle Beitrag.

De Silver gëtt soziale Begleethond bei der Asbl Op der Schock.
De Silver gëtt soziale Begleethond bei der Asbl Op der Schock.
© Valorlux

Back to Top
CIM LOGO