Nom Kinostart vum zweeten Deel vu Mamma Mia wëll d'Sängerin Cher en Album mat Cover-Versiounen vun de Lidder vun der Kultband ABBA produzéieren.

D'Cher ass um ABBA-Trip. Déi 72-Joer al Poplegend ass no 7 Joer endlech erëm op der Leinwand ze gesinn. Am Musical-Film "Mamma Mia!" spillt d'Sängerin d'Mamm vun der Haaptduerstellerin Donna, déi vum Meryl Streep verkierpert gëtt. Fir den zweeten Deel vum Kinosfilm séngt d'Cher den ABBA-Hit "Fernando", deen d'Sängerin motivéiert huet, e ganzen Album erauszebréngen. Säit "Closer to the truth" vun 2013 huet d'Cher keen Album méi produzéiert. Ma d'Kultband aus de 70er an 80er Joren huet d'Sängerin anscheinend inspiréiert, d'Stécker nei opzeschaffen an op eng aner Manéier ze sangen. Wéini dësen Album genau erauskënnt a wéi eng Lidder opgeholl ginn, verréit d'Sängerin nach net.