Schwäiz huet éischt "Babyklapp" fir Déieren
© Stiftung Tierklappe
An der Schwäiz kënne Kanéngercher an Nagedéieren elo anonym an enger spezieller Këscht ofgi ginn. Bei den Déiereschützer ass d'Iddi ëmstridden.
An der Schwäiz gëtt et elo eng sougenannt "Déiereklapp", wou Leit Kanéngercher oder Nagedéieren, fir déi si net méi kënne suergen, anonym kënnen ofginn. "Et ass eng Méiglechkeet fir Déierebesëtzer, déi aus Verzweiwlung oder Nout handelen", erkläert d'Grënnerin Jasmin Reinhard. Virop stéing d'Box fir Kanéngercher an Nagedéieren zur Verfügung. Méi spéit kéint d'Offer awer ausgebreet ginn.
D'Iddi ass ëmstridden. Verschidden Déiereschützer soen, dat fërdert d'Ofgi vun net méi gewollten Hausdéieren. D'Jasmin Reinhard widdersprécht: "Wien net an d'Déierenasyl goe wëll, setzt en Déier sou oder sou an der Natur aus - mir ginn dem Déier wéinstens eng Chance." Wëll ausgesat Déieren iwwerliewe meescht net, ënnert anerem well si vu Fiiss oder Gräifvigel gefriess ginn. An den éischte fënnef Deeg, zanterdeem d'Box opgestallt gouf Ufank November, wier nach keen Déier ofgi ginn.




Déi hëlze Këscht mat Ventilator a Kamera steet um Bord vun engem Bësch zu Hilterfingen ronn 30 Kilometer südëstlech vu Bern. Wann een en Déier dra mécht an d'Box zoumécht, ginn d'Déiereschützer alarméiert, déi da bannent manner wéi enger Stonn d'Déiere siche ginn. Den Numm "Déiereklapp" ass e bëssen ierféierend an erënnert u Babyklappe bei Spideeler, an déi Mammen an Nout anonym hir neigebuere Kanner leeë kënnen.
An Däitschland gouf et 2021 beim Déierenasyl Peine an Niedersachsen schonn emol esou Këschten. Dës goufen awer no engem Joer zougemaach, well se mëssbraucht goufen, wéi d'Mataarbechterin Adriana Kötz sot. Aus ganz Däitschland wiere Mënsche komm, déi entweder d'Sue fir d'Déierenasyl wéilten ëmgoen oder geféierlech Hënn wollten ofginn. Eng Kéier wiere fënnef Hënn an déi dräi Këschte gedréckt ginn.